„De Läb“ ass mëttlerweil kengonbekannten Nummer méi an onser lëtzebuerger Musekslandschaft, säit der éischter Apparitioun am Joer 2007, hunn se vun der klengster Bistrots-Théik bis zu gréisster Bühn d'Land onsécher gemaach. De Corbi (raps & beats), den David Fluit (raps, scratches & beats), de Nikkel K (live-dj & scratches), de René "Däiwelskärel" Macri (bass) an de Benoit Martiny(drums), beherrschen hiert Handwierk a verkierpere gekonnt déi „nei Schoul“, mat der Astellung vu gëschter. Am „Läb-Keller“ gëtt ausschliisslech op Lëtzebuergesch gedicht, dëst iwwert déi verschiddenst Themen. Vu Politik iwwert de lëtzebuergeschen Alldag bis hin zu méi perséinleche Sujete gëtt alles ënnert d’Lupp geholl an am „Läb-Jargon“ analyséiert an interpretéiert. Hir Musek vermëttelt dem Nolauschterer net nëmme gutt Laun, mä och deen een oder deen anere Message fir nozedenken, ëmmer dekoréiert vun engem gudden Hauch Ironie. "De Läb" ass eng richteg Live-Band, déi hire Public gäre matrappt an dozou zwéngt, matzefeieren. Also eppes ass sécher „di fäin Drecksäck aus dem Minett“ si mëttlerweil net méi aus der Lëtzebuerger Musekszeen ewechzedenken an et dierft ee gespaant sinn, mat wat se hiren Nolauschterer an Zukunft nach d’Ouer masséiere wäerten.
by Lisa "la chatte" Keiffer, update by Dana Galassi 2017
Fir DE LÄB BOOKINGS kontaktéier dav.galassi@gmail.com oder klick uewen op de "mail" Knäppchen !!!